Sängerfreed

D'Chorale Municipale "Sängerfreed" Beetebuerg, gegrënnt am Joer 1920 als Männergesangveräin, ass am Joer 1945, ënnert dem Impuls vun eisem deemoolegen Dirigent, dem Här Jos Kinzé, als gemëschte Chouer bei der UGDA gemellt ginn.

Schonn Ausgangs den 20er bis Mëtt 50er Joere goufe vun eise Memberen, niewent dem Gesank, och Theaterstécker gespillt.

Eise Repertoire besteet nët nëmmen aus welt- lecher Musek, mee e groussen Deel vun eisen Erfolleger kommen duerch Concerten mat Kierchemusek.

Dofir versicht eis Chorale, mat ongeféier 85 aktive Sängerinnen a Sänger am Alter tëschent 17 an 82 Joer, zesumme mat eiser Dirigentin, der Madame Nancy Back-Kelsen, all Joer e weltlechen wéi och e kierchleche Concert opzeféieren.

Et ass keng musikalesch oder gesanglech Ausbil- dung verlaangt, fir bei eis matmachen ze kënnen.

Hutt Dir Freed mam Gesank a sicht Dir en interessanten a flotten Hobby?

Sidd Dir gären a Gesellschaft?

Da si Dir ëmmer bei eis wëllkomm!

D'Prouwe sinn ëmmer Mettwochs vun 19.45 Auer bis 21.45 Auer an eisem Gesangssall am Centre Sportif 1 zu Beetebuerg.


Nächst Manifestatioun:

20. Januar 2019
10:00

Mass fir eis Verstuerwen
Kierch Beetebuerg

Ganze Programm


News

28.02.18

DE COMITÉ AN D'MEMBERE VUN DER CHORALE MUNICIPALE "SÄNGERFREED" BETTEMBOURG

traueren ëm

d'Liliane Weber-Hever

Éiremember zënter 2010

Mir soen dem Liliane Merci fir säi laangjäregen Asaz bei eis an der Chorale.

Mir wäerten d'Liliane ëmmer a beschter Erënnerung behalen.

Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.

Mass fir d'Madame Liliane Weber-Hever
29.02.18 um 16:15 zu Beetebuerg an der Kierch

05.02.18

DE COMITÉ AN D'MEMBERE VUN DER CHORALE MUNICIPALE "SÄNGERFREED" BETTEMBOURG

traueren ëm

d'Jacqueline Siebenbour-Kohn

Giedel vun eisem Fändel

Mir soen dem Jacqueline Merci fir seng Verdéngschter a fir seng Ënnerstetzung fir eis Chorale.

Mir wäerten d'Jacqueline ëmmer a beschter Erënnerung behalen.

Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.

Mass fir d'Madame Jacqueline Siebenbour-Kohn
Fra vun eisem fréiere Präsident
Giedel vun eisem neie Fändel
08.02.18 um 16:15 zu Beetebuerg an der Kierch

03.11.17

Nei Artikelen an der Presse

01.12.15

Eis Optrëtter op youtube 28/06/2014 Schlassconcert 2014
09/05/2015 Schlassconcert 2015
02/07/2015 Carmina Burana

27.10.09

AUDIO MP3

Sanctus - Pastoralmesse G-Dur op.24 Karl Kempter vun eis gesongen.

Sanctus lauschteren


Copyright © 2004-2018 Chorale Municipale Sängerfreed Asbl | Login
Counter: 282501 - grad Online: 5