Sängerfreed

D’Chorale gouf 1920 als Männergesangveräin ënner dem Numm „Sängerfreed“ gegrënnt, en Numm, déi se bis haut mat groussem Stolz dréit. Am Joer 1945 gouf op d’Bedreiwe vun eisem deemolegen Dirigent, dem Jos Kinzé, d’Chorale als gemëschte Chouer bei der UGDA ugemellt.

Am Joer 1953 huet d’Gemeng Beetebuerg eisem Gesangveräin fir säi kulturellt Engagement an der Gemeng den Titel: „Chorale Municipale“ zougesprach.

De Repertoire vun der Chorale begräift e grousse Spektrum vu weltleche Wierker wéi z.B. Carmina Burana vum Carl Orff. Mee den aktuelle Succès vun der Chorale kënnt gréisstendeels vun spiritueller Musek, wéi d’Kréinungsmass vum Mozart, d’Mass am sol majeur vum Schubert, de Gloria am ré majeur vum Vivaldi, déi feierlech Mass zu Eiren vun der Ste Cécile vum Gounod, la Missa in Honorem Sancti Dominici vum Michael Haydn, de Stern von Bethlehem vum Josef Rheinberger, d’Jubiläumsmass vum Michael Haydn an d’Jubelmesse vum Carl Maria von Weber. Fir des Geleeënheeten léisst d’Chorale sech begleeden vum Ensembel Estro Armonico, e lëtzebuergeschen Kammer-Orchester.

Sou sange mir all Joer am fréie Summer e weltleche Concert am Schlass zu Beetebuerg, eise „Schlassconcert“. Den 2. Adventssonndeg sange mir e Concert Spirituel an der Beetebuerger Dekanatskierch. Mir sangen awer och op Invitatioun bei verschidde spezielle Geleeënheeten Concerten zu Beetebuerg, an aneren Uertschaften am Land an am Ausland.

Zënter 1996 läit d‘Direktioun vun der Chorale an den Hänn vum Nancy Back-Kelsen. Si bréngt et fäerdeg, datt eng 75 Sängerinnen a Sänger mat Freed an der Sängerfreed sangen.

Sangen hält gesond a mécht frou.

SPONSORS

Livre Jubilaire 100 Joer Sängerfreed

am buet 120 vun der Gemeng Beetebuerg weider >>> eise buet 120
am buet 120 vun der Gemeng Beetebuerg
weider >>> eise buet 120

Kommentar zum Buch vum Här Albert Rodesch

Zwee Extraitën vun eisem Concert vum 5 Dezember 2021

Et vitam venturi aus der Paukenmesse vum J.Haydn zesummen mat dem estro armonico ënnert der Leedung vum Nancy Back-Kelsen
Stille Nacht Franz Gruber a Joseph Moor zesummen mat dem estro armonico ënnert der Leedung vum Nancy Back-Kelsen

Een Extrait vun eisem Concert vum 8 Dezember 2019

Angel’s Carol vum John Rutter gesongen zesummen mat dem estro armonico ënnert der Leedung
vum Nancy Back-Kelsen

Blog

Flaibano, music and more

                                               Eine Reise in den Friaul Im Auto oder mit dem Flugzeug: 30 Jahre Städtepartnerschaft zwischen Bettemburg und Flaibano im Friaul verdiente eine Auffrischung. 30 Jahre, in denen die Erinnerung eine Rolle gespielt hatte, familiäre Bindungen fortbestanden, während denen regelmäßig Besuch angesagt war vom italienischen Bürgermeister in Bettemburg am luxemburgischen Nationalfeiertag. Die Chorale Municipale Sängerfreed, …

Braun Men

De Kommitee an d‘Membere vun der CHORALE MUNICIPALE SÄNGERFREED BETTEMBOURG traueren ëm de Men BRAUN laangjärege Sänger, Kommiteesmember an Éiremember Mir soen dem Men ee grousse Merci fir seng Verdéngschter a fir säin Asaz fir d’Sängerfreed. Mir wäerten de Men ëmmer a beschter Erënnerung behalen. Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.

Kaber René

DE COMITE AN D’MEMBEREVUN DER CHORALE MUNICIPALE“SÄNGERFREED” BETTEMBOURG traueren ëm de René Kaber Pätter vun eisem neue Fändel,Sekretär,Kommiteesmembera laangjärege Member Mir soen dem René ee grousse Merci fir seng Verdéngschter a fir säin Asaz fir eis Chorale. Mir wäerten de René ëmmer a beschter Erënnerung behalen. Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.