D’Chorale gouf 1920 als Männergesangveräin ënner dem Numm „Sängerfreed“ gegrënnt, en Numm, déi se bis haut mat groussem Stolz dréit. Am Joer 1945 gouf op d’Bedreiwe vun eisem deemolegen Dirigent, dem Jos Kinzé, d’Chorale als gemëschte Chouer bei der UGDA ugemellt.
Am Joer 1953 huet d’Gemeng Beetebuerg eisem Gesangveräin fir säi kulturellt Engagement an der Gemeng den Titel: „Chorale Municipale“ zougesprach.
De Repertoire vun der Chorale begräift e grousse Spektrum vu weltleche Wierker wéi z.B. Carmina Burana vum Carl Orff. Mee den aktuelle Succès vun der Chorale kënnt gréisstendeels vun spiritueller Musek, wéi d’Kréinungsmass vum Mozart, d’Mass am sol majeur vum Schubert, de Gloria am ré majeur vum Vivaldi, déi feierlech Mass zu Eiren vun der Ste Cécile vum Gounod, la Missa in Honorem Sancti Dominici vum Michael Haydn, de Stern von Bethlehem vum Josef Rheinberger, d’Jubiläumsmass vum Michael Haydn an d’Jubelmesse vum Carl Maria von Weber. Fir des Geleeënheeten léisst d’Chorale sech begleeden vum Ensembel Estro Armonico, e lëtzebuergeschen Kammer-Orchester.
Sou sange mir all Joer am fréie Summer e weltleche Concert am Schlass zu Beetebuerg, eise „Schlassconcert“. Den 2. Adventssonndeg sange mir e Concert Spirituel an der Beetebuerger Dekanatskierch. Mir sangen awer och op Invitatioun bei verschidde spezielle Geleeënheeten Concerten zu Beetebuerg, an aneren Uertschaften am Land an am Ausland.
Zënter 1996 läit d‘Direktioun vun der Chorale an den Hänn vum Nancy Back-Kelsen. Si bréngt et fäerdeg, datt eng 75 Sängerinnen a Sänger mat Freed an der Sängerfreed sangen.
Sangen hält gesond a mécht frou.
SPONSORS
Zwee Extraitën vun eisem Concert vum 5 Dezember 2021
Een Extrait vun eisem Concert vum 8 Dezember 2019